Léiw Frënn vun der Musik Gemeng Ell,
Et fällt eis nit liicht dëss Entscheedung ze treffen, mee kulturell Manifestatiounen faalen dem Coronavirus grad esou zum Schicksal wéi all aner öffentlech Veranstaltungen. Mir gesinn eis gezwongen de Galaconcert 2020, deen de 4. Abrëll 2020 um 20:00 Auer am Centre Culturel Camille Ney sollt stattfannen, ze annuléieren.
Mir, sou wéi all Veräin zu Lëtzebuerg, wärte kucken, wéi mir eis Manifestatiounen kënnen nohuelen.
Eppes ass eis als Veräin ganz wichteg: passt all op iech an är Gesondheet op.
Bis geschwënn ...
Är Musik Gemeng Ell
Interesséiert fir aktive Member bei eis am Veräin ze ginn? All neie Member ass wëllkomm. Schreift eis séier ...
Mir mellen eis sou séier wéi ët geet ...