Eisen Dirigent

Jérémy Lacave

 

Zanter 2006 ass de Jérémy Lacave Dirigent vun der Musik Gemeng Ell. Hien huet eis Musik am jonken Alter vun nëmmen 22 Joer iwwerholl an huet de Veräin musikalisch dohinner bruecht, wou mir sinn.

Vu Formatioun ass hien Klarinettiste. Säin Diplôme huet hien am Conservatoire Royal vu Léck gemeet, huet sech duerno no engem Spézialisatiounszyklus am CNR vu Stroossbuerg entscheed sech voll a ganz an der Direktioun vun Orchesteren z'entwéckelen.

Fir daat z'erreechen, ass hie Studien an der "Orchestratioun" am Conservatoire vun Esch/Uelzecht ugaang an huet niervebäi och nach a sougenannten "Masterclasses" weider gebild.

Haut ass eise Chef, niervt sénger Aktivitéit als Dirigent zu Ell, och nach Klarinetteprofesser a musikalischen Direkter an der Harmonie Royale Emulation 1885 vun Habay-la-Neuve.

Our Sponsors

Interesséiert fir aktive Member bei eis am Veräin ze ginn? All neie Member ass wëllkomm. Schreift eis séier ...

Mir mellen eis sou séier wéi ët geet ...



Mir schaffen mat Cookien fir de gudde Fonctionnement vun eiser Säit ze garantéieren. Beim surfen op eiser Säit huelt Dir d'Notzen vun dëse Cookien un. ok Méi wëssen