Vun der „Fanfare Ell“ bis zur „Musik Gemeng Ell“

Et war de 7. Dezember 1907, wéi 25 Eller Leit „Fanfare Ell“ gegrënnt hunn. Eng éischt Aufgab war et fir Instrumenter ze beschaafen. Dës kruten si vun der Firma Kessels vun Tilburg aus Holland.

Natierlech huet och missen Geld an d’Kees kommen. Hei huet d’Gemeng a privat Gënner eng grouss Roll gespillt. Een deen der Musik déi Zäit ganz vill ënnert d’Äaerm gegraff huet war den Emile Mayrisch. Dat éischte Stéck dat ënnert der Leedung vum Mathias Croat opgefouert gouf war de Marsch „Matador“. Et war deemols selbstverständlich dass keen an der Prouf gefeelt huet. Bis an d’50er Joeren as am Stoe geprouft ginn, an dat an enger Zäit wou am Alldag vill a schwéier geschafft gouf.

Während dem 1. Weltkrich hun dunn d’Instrumenter missen agepaakt ginn. Nom Krich as d’Musizieren awer erëm voller Elan lass gaang. Nierft der Musik sinn deemols wéi haut och Ausflich ënnerholl ginn, zum Beispill 1922 an d’Grottes de Han.

1932 as zesummen mat de Pompjeeën, déi och 1907 gegrënnt gi sinn, de 25. Anniversaire gefeiert ginn.

Sou wéi iwwerall am Grand-Duché hun dunn och zu Ell ënnert dem Nazi Régime vun 1940 bis 1945 d’Instrumenter missen op d’Säit geluegt ginn. Duerno as d’Musik nëmme lues erëm an d’Gäng komm. 1955 as se esouguer provisorisch opgeléist ginn.

Am Januar 1956 as de Veräin awer erëm mat neiem Courage op d’Héicht bruecht ginn.

Besonnesch 1957 no de Feierlechkeeten zum 50. Anniversaire as d’Musik ënnert dem Impuls vun hirem Präsident a spéidere Minister Camille Ney erëm nei opgelieft. 1961 krut d’Fanfare Ell hir éischt offiziell Uniform.

Mëtt de sechzeger Joeren sinn dunn erëm méi schwaarz Wolleken opgezunn. Awer ënnert der Leedung vum Gusty Kerger ass sech och aus dësem Déif befreit ginn.

1973 krut déi Eller Fanfare dunn hir zweet nei Uniform. Soss goufen et awer keng Héichpunkter an de siwwenzeger Joeren. Zwar goufen regelméisseg Concerten zu Ell an an der Noperschaft gespillt mee de Nowuess blouf aus. Ee Grond heifir war den Opschwong vun Fernseh an Disco. Déi Jonk hu sech fir een aanere Genre Musik interesséiert.

1978 as dunn awer zu Réiden d’Musikschoul gegrënnt ginn. Dës Initiativ vun de Gemengen aus dem Réidener Kanton war wichteg fir erëm neie Nowuess an eis Musikgesellschaften zu kréien. An deem selweschte Joer ass de Marcel Schaus Präsident ginn.

Een Héichpunkt aus den achtzeger Joeren war d’Visite zesummen mam Fussball zu Ell an Holland. An dëser Zäit gouf et vill Kontakt mat eisen hollänesche Frënn.

1989 gouf de Marc Sosson Dirigent. Hien huet déi Eller Musik op en héije musikalischen Niveau bruecht. 1996 krut d’Musik hir drëtt nei Uniform. Am selweschte Joer as den éischte Gala-Concert opgefouert ginn. Säitdeem as dëse Concert, am Abrëll, eng Traditioun ginn. 2000 as aus der „Fanfare Ell“, „d’Musik Gemeng Ell“ ginn. Nodeem dunn 2004 de laangjärege Präsident Marcel Schaus, an kuerz drop och den Dirigent Marc Sosson vun hiren Posten zréckgetrueden sin as d’Musik an e klengt Lach gefall.

Leider konnt den neien Dirigent keng Impulser setzen an esou as de Marc Sosson am Dezember 2005 interimsméisseg agesprong, fir d’Musik erëm eropzebréngen.

Zanter 2006 huet den deemooligen 22 Joer jonken Jérémy Lacave den Dirigentestaaf an der Hand. Ee jonken motivéierten Dirigent, gudde jonke Nowuess, an d’Feierlechkeeten vum Centenaire sollen déi Eller Musik erëm no vir bréngen.

No de Festivitéiten am Joer 2007 huet d’Musik Gemeng Ell sech un e puer musikalischen Projeen bedeeligt. Am Joer 2008 war dat am Kader vum Water Art Festival um Stauséi mat aneren Musiken aus dem Natuerpark an am Joer 2009 hu mir d’Missa Katharina zesummen mat engem Chouer vun Thionville opgefouert.

An Joer 2013 hu mir d’Relatioun mat eisen holläneschen Frënn vun Ell erem opliewen gelooss an deems mir ee Wekend bei si gefuer sin an och ee Concert dohannen gespillt hun.

Eng schlecht Norricht hu mir am Juli 2014 missten verdauen wéi eisen laangjährigen Präsident Marcel Schaus no kuerzer Krankheet eis fir emmer verloos huet.

An der Kontinuitéit gi mir op d’Joer 2017 duer, waat d’Joer vun eisem 110jährigen Anniversaire as. Kontinuitéit, well mir sait 2010 keng Ännerung am Comité méi haaten a well sait 2007 d’Posten vun Dirigent a Präsident mat deenen selweschten Leit besaat sin

 

Henri Rasqué

Präsident vun der Musik Gemeng Ell