Theatersaison 2019-2020
Eng nei Régisseurin konnte mir fir d'Theatersaison 2018-2019 begréissen an hat ass nach eng Kéier um Start fir d'Saison 2019-2020 : d'Nathalie Bender
Et ass die éischt Regie déi d’Nathalie zu Ell mécht. Fräi nom Shakespeare: “All the world’s a stage and all the men and women merely players” ass hatt iwwerzeegt dass jidderee vun eis obmannst een anere Personnage a sech huet, deen op enger Theaterbühn wonnerbar ka gefuerdert ginn.
Mat sengen Elteren, allebéid fréier Acteuren an aktiv an der Regie, huet d’Nathalie joerelaang vill Zäit an Theaterprouwen, virun an hannert de Kulisse verbruecht. D’Loscht Theater “ze maachen” ass deemno nët nei – a gëtt elo Realitéit. D’Nathalie freet sech zesumme mat den Acteuren an deene ville fläissegen Hänn hannendrun dofir ze suergen dass Dir en Owend laang den Theater am Alldag kënnt vergiessen.
D’Nathalie moderéiert och zanter enger Zäit de Galaconcert, an 2018 fir t’éischt de Quizowend vun der Musik Gemeng Ell.
Interesséiert fir aktive Member bei eis am Veräin ze ginn? All neie Member ass wëllkomm. Schreift eis séier ...
Mir mellen eis sou séier wéi ët geet ...