Theaterstéck 2019


"14 Deeg Luxus"

 

Hei e klenge Résumé vun der Geschicht ...


Den Daachdecker Jang Kremer gewënnt 14 Deeg Vakanz am Luxushotel  L’Hirondelle, leider nëmme  fir 2 Leit.

Schonn am Hotel ukomm sinn de Banquier Jacques Dusautier mat senger Madame Claire a senger Duechter Deborah. Naturgeméiss fille sie sëch vun der Arrivée vu Kréimesch an hierem luxuriéise Standard dérangéiert. Mat “sou engen” wëllt ee sech natierlech net un een Dësch setzen. Nees heemfueren ass awer och keng Léisung, “schliesslech hu mer jo bezuelt”.

Et ergi sech eng Reih Verwecklungen, déi och fir déi fäin Famill Dusautier nawell pénibel ginn, well och si hu kee ganz sou perfekte Liewenslaf wéi si gär no bausse weisen.

Dat ganz Hotelpersonal ass an heller Opreegung well d’Madame X sëch ugemellt huet, eng vun de gefaartsten Hotelkritikerinne wäit a breed, vun däer kee wees wéi sie wierklech  heescht an och net wéi sie ausgesäit.

Dat gi 14 richteg turbulent Deeg am Luxushotel fir d’Famill Kremer!

Affaire à suivre...

 

Fir un déi beschte Momenter vun onsem leschten Théâter 2018 "A vendre" ze erenneren, kënnt dir an eis Gallerie kucke goen ... Vill Spaass ...  (hei clicken)

Our Sponsors

Interesséiert fir aktive Member bei eis am Veräin ze ginn? All neie Member ass wëllkomm. Schreift eis séier ...

Mir mellen eis sou séier wéi ët geet ...



Mir schaffen mat Cookien fir de gudde Fonctionnement vun eiser Säit ze garantéieren. Beim surfen op eiser Säit huelt Dir d'Notzen vun dëse Cookien un. ok Méi wëssen