Cäciliendag 2025

Nov. 16, 2025 | MGE-Blog

Wéi all Joer huet d’ Musik Gemeng Ell och 2025 nees Cäciliendag gefeiert – eng flott Traditioun, déi Musikanten, Famill a Frënn zesummebréngt. Mir hunn eis an der Kierch versammelt, fir mat e puer klengen Téin un d’ Musekspatronin ze gedenken an e gemeinsamen Akzent an der Mass ze setzen. Awer domat ass den Dag nach laang net eriwwer. No der musikalescher Begleedung geet et op Rued an déi al Schoul, wou mir an engem gemittleche Kader zesumme prosten, iessen a sech einfach Zäit fireneen huelen.

Cäciliendag ass fir eis net nëmmen eng Traditioun, mee virun allem eng Geleeënheet fir zesummen ze feieren a flott Momenter ze erliewen.

Fotoen: Christiane Garlemant