D’Musik Gemeng Ell seet all de Leit, déi gëschter, de 25. Abrëll 2026, op Ell bei hirem Gala Concert 2026 ënnert dem Motto “Women on Stage” derbäi waren, villmools Merci !
Et war erëm eng ganz speziell Editioun, déi sech duerch zwou ganz ënnerschiddlech Stëmmungen ausgezeechent huet. Ënnert der Leedung vum Jérémy Lacave, huet d’Musek Gemeng Ell en éischten Deel presentéiert mat méi klasseschen Wierker wéi Before the Sun, The Story of Anne Frank, Evita oder Moana.
E besonnesche Merci geet hei un de Sträicherensembel vun der Réidener Musikschoul fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung. Besonnesch ervirhiewe wëlle mir d’Madamm Marie-France Christen, als Solistin am Stéck Before the Sun.
Am zweeten Deel ass et duerno däitlech méi poppeg ginn. Mir ware ganz frou, d’Band Radio Station zesumme mat hirer Sängerin Tanja Goffinet op der Bühn begréissen ze dierfen. Mat Lidder vu lauter staarke Fraen huet d’Tanja mat hirer staarker Bünepräsenz an enger energiegeluedener Performance de Sall richteg zum Wibbele bruecht.
Als ganz spezielle Bonus konnt de Public den Owend mam Paul Kieffer alias DJ Pablo Discobar ausklénge loossen. Seng selwer gemëschte Samplen hunn d’Musek nach eng Kéier an engem ganz neien a spannende Klangkostüm gewisen, eppes, wat sech villäicht net jidderee virdru sou konnt virstellen.
E grousse Merci geet un all déi Bedeelegt, déi gehollef hunn, datt dësen Owend erëm esou gelongen ass. Fir esou Evenementer brauch eng Musek vill Engagement: Musekerinnen a Museker, eisem Dirigent dem Jérémy Lacave, Renforten aus anere Veräiner, souwéi déi vill Hänn hannert de Kulissen, déi lénks a riets mat ugepak hunn.
Zum Schluss soe mir och e ganz grousse Merci un d‘ Denise Glodé fir hir flott Presentatioun, mat där si de Public op eng informativ a locker Aart a Weis duerch den Owend gefouert huet.
Merci fir är Ënnerstëtzung.
